5. Januar 2018

 

No der Chrëschtvakanz maachen sech den Ateliersgrupp an den Kommunikatiounsgrupp rem un d’Aarbescht, an schaffen weider un hierem Projet.

Haut versiicht den Kommunikatiounsgrupp den Logo digital ze vervollstännegen an een Flyer ze gestalten fir d’Matschüler an Direktioun op hiren Optraach opmierksam ze maachen.

Och den Ateliersgrupp ass rem fleißeg bei der Saach. Sie bereeden hir Maquette fir an schneiden schon Material zesummen vir bei besserem Wierder kennen ze starten.

Advertisements

Den Kommunikatiouns grupp

„Mir den Kommunikatiounsgrupp Chloé, Fabrice, Shannon an ech vum Lycée Josy Barthel engagéieren eis um Projet: Save our Planet andeems mir eis zesummensetzen an probéieren sou gutt wei meiglech eisen Projet der Außenwelt an, an den Social Medias ze presenteieren. Mir beschäftegen eis all Freiden domatt en anstännegen Blog opt Been ze stellen deen dann eis an d’Aarbescht vum Ateliersgrupp resumeiert.“ Noémie Fautsch 3CC