04/06/19

No langer Zeit mellen ma eis och nach eng Keier hei op eisem Blog.

Den Blog ass deelweis vernoleissegt ginn, well ma am Atelier bessen Gas missten ginn, vir weider ze kommen.

Mee zudems ass och nach komm, dass ma un zwou Journéen hei am Schoulgebai ungemellt goufen, vir eis Optioun an eis Projeten eng Keier kuerz virzestellen.

Dei eischt Journée, dei mir virbereeden missten, war d`Journée de la solidarité.

Dei huet den 2. Abrell 2019 stattfonnt, an do hunn ma den ganzen Daag Klassen eis Optioun präsenteiert an hinnen och eis Aufgaben am Atelier gewisen.

Den 15. Mai 2019 war d`Journée du développement durable.

Genau wei och bei der Journée de la solidarité, hunn ma Klassen vun 5ieme bis 3ieme eis Aarbeschten gewisen, an erklärt wisou mir dat Ganzt amfong maachen.

Zum Oofschloss hunn ma eist gesamt Trimester mat engem klengen Grillfest als kompletten Optiounsgrupp gefeiert, well dat och dei lescht Keier war, wou ma als ganzen Grupp zesummen am Atelier konnten sinn, well d`Premièren hier Examen haaten an eis duerno verlooss hunn.

Eisen « neien » Projet ass lo bis zum Schluss vum Joer den Josy Charger rem top an d`Rei ze maachen.

En gett fresch geschlaff, gepescht an ungestrach vir dass en rem wei nei ausgeseit.

Eis Projeten dei mir dann vir dest Joer geplangt haaten, also d`Keschten vir den Diddelenger Welldeierenschutz an d`Regal aus recycleiertem Karton, ginn pauseiert vir dass mir den Josy Charger bis zum Enn vum Schouljoer restaureiert kreien, vir dass een vir den September wann d`Schoul rem ungett prett ass.

Dat heescht eis Projeten ginn ab dem nächsten Joer weidergefouert bis dass ma se fäerdeg gemach hunn.

Hinterlasse einen Kommentar